17-18 Dezember 2018

Makerfest Winter-Edition 2018

D’Schüler vun der 3e CI aus dem LESC hunn sech den 17ten Dezember engagéiert fir ee Stand um Makerfest am Forum-Geesseknäppchen ze maachen, wat den 17ten an 18ten Dezember statt fonnt huet. Um Stand goufen folgend Aktivitéiten ugebueden:

  • Do-it-yourself LED Krëschtbam léiden
  • Portable 3D-printed Bluetooth Speaker zesummebauen a leiden
  • Interaktiv Chrëschtdagskaarten aus Kofferfolie an LEDs zesummebauen
  • 3D-Hologram fir iPad oder Smartphone bauen
  • Säin eegent Jump&Run-Spill programméieren

Den Stand vum LESC hat ee groussen Succès, sou datt sech bei eenzelnen Aktivitéiten Waardeschlaangen gebilt haten an d’Leit bereet waren bis zu 1,5 Stonnen fir eng Aktivitéit ze waarden. Et waren wäit iwwer 2000 Leit während deenen 2 Deeg um Makerfest op Besuch, vu ganz jonke bis manner jonke Technik-Begeeschterten a Maker.

Eise Schüler aus der 3e CI ee grousse Merci fir hir Motivatioun a gutt an intensiv Aarbecht!

Mir sinn houfreg drop, datt déi nächst Editioun vum Makerfest am Summer 2019 am LESC stattfënnt a géifen eis freeën iech do alleguer erëm ze gesinn!